Déi eng Leit kloen, et géif net genuch Wunnengen zu Lëtzebuerg, déi si sech nach kënne leeschten. Déi aner soen, d’Liewesqualitéit zu Lëtzebuerg wär mat déi héchst op der Welt. Wunnen huet mat Architektur an Stadtplanung ze dinn, et seet awer och eppes iwwer ëffentlechen a private Raum aus. Wunnen huet mat Ëmwelt ze dinn, a Wunnen huet eng sozial Dimensioun. Wat heescht Wunnen zu Lëtzebuerg?